Rose De Cecco – Quereinsteigerin
Meng Mamm ass vu Beruff Zahntechnikerin a si huet decidéiert, zesumme mat mengem Papp d’Entreprisen no der Bestietnis ze leeden.
Haut ass si zoustänneg fir de Clientsservice, d’administrativ Aarbechten, d’Planung an d’Bestellungen.
Et gëtt keng Plaz an der Firma, wou si net ze fanne ass.


Montini Tiles Collection
Dreamed in Luxembourg – Made in italy
Faszinatioun fir Design an dat stännegt Sichen no Aussergewéinlechem huet dozou gefouert dass mir eis eege Plätterchersmarque “Montini Tiles Collection” kreéiert hunn.
Montini Plättercher ginn exklusiv an Europa produzéiert a si mam Label “Green-Building-Council” oder mam “EU Ecolabel” ausgezeechent ginn.
Des Plättercher ginn an hëlze Mehrweg-Këschte geliwwert, sou dass mir bei der Verpackung komplett op Plastik verzichten.
Vill vu menge Plättercher verkafen ech an Däitschland an an der Belsch.
E puer sinn der och bis a Spuenien gereest.

Expo vun 1400 m2
Ons Ausstellung huet u sech näischt mat enger klassescher Plättercherspresentatioun ze dinn.
Eng ausgewielte Selektioun un Top-Produite kënnt dir bei ons groussflächeg kucken.
Komplett Buedzëmmer mat Sanitär, Miwwel, Beliichtung an Accessoirë kritt dir hei ze gesinn.


Schlësselfäerdeg Buedzëmmer
D’Renovatioun vu Buedzëmmer bidde mir komplett aus enger Hand un.
Vum Plangen iwwert d’Erausrappen bis zum Verleeë vun Elektresch- a Waasserleitungen.
Plätterchersaarbechten, Ustrach a Botzen, bei ons kritt Dir aussergewéinlech Buedzëmmer zu engem Festpräis ugebueden.

Wou fannt Dir eis?
Ons Ausstellung ass Méindes bis Freides op, vun 09:00-17:00 Auer.
Oppen Samschdeger 2025 vu 9:00 bis 12:00:
8 März, 26 Abrëll, 24 Mee, 14 Juni, 20 September, 11 Oktober, 15 November.
Congé:
7 Februar mëttes zou
Rosenmontag den 3 März
11 August bis den 30 August
17 Dezember bis den 05 Januar inclus
Freides den 2. Mee ass d’Ausstellung op.

Händler des Jahres
Vum däitsche Fachzäitschrëft Caro als “Händler des Jahres” gewielt.
Méi liesen…

Best showroom worldwide
Präis fir de beschte Showroom weltwäit.
Méi liesen…